Back to top
März
09
10:00

KAJUKO 2024

Kanner- a Jugendkonferenz 2024 - Politesch Bildung mat Kanner a Jugendlecher aus dem Éislek

Fir déi 7. Kéier fënnt d’KAnner- a JUgendKOnferenz (KAJUKO) am Prabbeli zu Wooltz statt, bei där d’Kanner ab dem Transitiounsalter (12 Joer) an en direkte Kontakt an Austausch mat Erwuessenen trieden an zesummen een Thema beaarbechten.

De Jugendbureau Éislek organiséiert dës interaktiv Konferenz a gëtt dëst Joer finanziell vun der Fondation Sommer ënnerstëtzt. Dëst Joer dréit sech alles em Thema vun der Gewalt, een Thema, wat hautzedaags leider am Liewe vu Jonker eng zentral Roll spillt. Zesumme mat de Participante wëlle mir dës Thematik beaarbechten, Konfliktléisunge sichen an si fir dëst Thema sensibiliséieren.

Wat bedeit fir mech Gewalt? Wat verbanne mir alles mat dësem Thema? Wou fänkt Gewalt bei mir un, wou bei menge Matmënschen? D’Zil ass et, e Raum ze schafen, wou Jonker ab 12 Joer sech zesumme mat Erwuessenen aus dem Kanner- a Jugendberäich oppen iwwert dëst Thema ausdrécke kennen. Sou soll eng Diskussioun op Aenhéicht entstoen. Dëst geschitt ënner anerem mat Hëllef vu verschiddenen Konscht Atelieren, wéi Theater, Musek, Kulissgestaltung an Danz. Déi véier Konschtforme sollen no der Konferenz verbonne an zu enger Gesamtperformance opgefouert ginn. 

Infoen
9. Mäerz vun 10 bis 16 Auer zu Wooltz am Prabbeli

Fondation Sommer
D’Fondatioun Sommer ënnerstëtzt Projeten, déi Kanner a Jugendlecher virun allem an hirer Selbstwirksamkeet an an hirer Roll als aktive Member vun eiser Gesellschaft stäerken; dëst mat Hëllef vu Konscht a Kultur. D’Fondatioun Sommer ass eng privat, lëtzebuergesch Stëftung, gegrënnt am Joer 2016 vum Pierre Brahms. 

Jugendbureau Éislek
De Jugendbureau Éislek ass e Projet, deen aus engem LEADER Projet entstanen ass. Haut ass et e feste Bestanddeel vun der COOPERATIONS Asbl zu Wooltz. Seng Missioun ass et, politesch Bildung a Jugendparticipatioun (Jugendlecher ab 12) an der Regioun ze fërderen. 

Kontakt
Nadine Lepage & Michel Simon
Jugendbureau Éislek
8 Gruberbeerig L-9538 Wiltz 
T: +352 95 92 05-28 / +352 621 781 057
jugendbureau@cooperations.lu

Tarif
  • Fräien Entrée
    0.00
Lieu: Brandbau

2 Gruberbeerig
Wiltz
Luxemburg

Facebook

Programme CULTUREL

Mai
23
Concert
5
Mai
25
Jeune public
6
Mai
25
20:30
-----
Concert
5
Juni
29
Jeune public
6
September
20
Event
11
September
21
Event
11