Back to top
April
27
14:30

KANNERKINO: Geschichte vum Mier

Film mat Encadrement
45min + 15min Gespréich
Ouni Dialoger
Recommandéiert fir Kanner ab 3 Joer

E Kuerzfilmprogramm fir déi ganz Kleng, komplett ouni Dialoger. Hei entdecke mir net nëmmen déi wonnerbar Welt vum Mier, mee och déi verschidden Animatiounstechniken déi fir déi 3 Kuerzfilmer benotz gi sinn (Marionetten, Zeechnungen, Plastilinn, Animatioun 2D). 

Originaltitel: Les contes de la mer

Entdeckt eise Kannerfilmprogramm KANNERKINO, all leschte Samschden am Mount um 14:30 Auer! Mir weisen iech déi schéinste Kannerfilmer a bréngen iech doduerch déi magesch Welt vum Kino méi no! Niewt speziell erausgesichten an adaptéierte Filmer fir déi verschidden Altersklasse bidde mir och en Encadrement virum an nom Film un. Mir maachen eng kléng Aleedung a schwätzen och nom Film nach mat iech iwwert all déi schéi Geschichten déi mir grad gesinn hunn.

// TICKETEN //

Tarif
  • Kanner an Erwuessener
    5.00
  • Kulturpass
    1.50
Lieu: Ciné Prabbeli

8, Gruberbeerig
9538 Wiltz
Luxemburg

Facebook

Programme CULTUREL

Mai
23
Concert
5
Mai
25
Jeune public
6
Mai
25
20:30
-----
Concert
5
Juni
29
Jeune public
6
September
20
Event
11
September
21
Event
11