Back to top
April
25
17:00

Vernissage: De leschte Punkt. Dat faarwegt Wierk vum Francis Kirtz.

Ausstellung vu cooperationsART

Vernissage: 25.04 um 17:00 Auer

Ausstellung: 26.04-02.06

Galerie Prabbeli   

"Et muss schéin ausgesinn, an e Bild ass fäerdeg wann et schéin ass" sot de Francis Kirtz emol zum kruziale Moment wou e Kënschtler entscheet, wéini e Bild fäerdeg ass, an en d'Bild lassléisst an aus den Hänn gëtt. Gebuer 1958 zu Bieles am Süden, zitt et de Francis fréi an den Norden, wou hien ënnert anerem an der Käerzefabrik schafft, an ab 2011 säi kënschtlerescht Talent bei COOPERATIONS kann ënner Beweis stellen. Säit 2023 huet de Francis Kirtz seng Pensioun. Seng Aarbecht war d'Konscht, an d' Konscht seng Aarbecht. De leschte Punkt a senge faarwege Pointillismus-Biller ass scho laang gedréchent, de Francis Kirtz moolt net méi, mee mir ginn him eng leschte Kéier eng Éiereronn a weisen seng Konschtwierker nach eemol an der Galerie Prabbeli. Mir feieren an dëser Ausstellung de Francis a säi Wierk, an alles wat hee bei, a fir COOPERATIONS gemaach huet.

Ëffnungszäiten:

Méindes: Zou

Dënschdes-Sonndes: 14:00 - 20:00 Auer

Entrée: Gratis

Tarif
Lieu: Galerie Prabbeli

8 Gruberbeerig
9538 Wiltz
Luxemburg

Programme CULTUREL

Mai
25
20:30
-----
Concert
5
Juni
07
Concert
5
Juni
08
Concert
5
Juni
29
Jeune public
6
September
20
Event
11
September
21
Event
11