Back to top
mai
14
19:00

Jemp Schuster - Liesung. Claire Parsons - musikalesch Begleedung

Jemp Schuster - Liesung 

Claire Parsons - musikalesch Begleedung

De Jemp Schuster ass säit 1985 fräiberufflech als Schrëftsteller, Theaterschauspiller, Kabarettist a Regisseur täteg. 2020 koum dunn säin éischten historesche Roman Bluttsëffer eraus, 2021 dunn mat Ouereschlëffer d‘Suite vun der Joerhonnert Saga. Déi zweedeeleg Familljesaga erzielt Geschicht vu fënnef Generatiounen tëscht 1905 bis 2005. Se zeechent e Bild vum ländleche Liewen am Norde vu Lëtzebuerg, ënnert dem Afloss vu groussen a klenge politeschen Evenementer. Mee se erzielt virun allem och, den Afloss vum Krich op d’Eenzelschicksaler vun de Fraen aus der Famill, baséierend op enger wouerer Geschicht.

Am Kader vun de Garden Sounds organiséiert de Prabbeli zesumme mam Schrëftsteller eng Liesung aus dem "Bluttsëffer" souwéi och dem "Ouerschlëffer". Loosst iech vun der Stemm vum Auteur mathuelen an erlieft wéi d'Protagonisten aus de Famillje Gerber, Maltes a Birnbaum lieweg ginn, an engem gemittleche Liesungs-Owend am Weeltzer Gaart.

Begleet gëtt de Jemp Schuster vun der Sängerin a Multi-Instrumentalistin Claire Parsons.

D'Bicher gin et no der Liesung beim Bicherdësch vum ChrisTina's Bicherbuttik ze kafen.

Des Liesung gëtt vun der Weeltzer Ludo-Bibliothéik (WeLuBi) ënnerstëtzt.

 

Location: Prabbeli - Jardin de Wiltz (Fir schlecht Wieder steet en Zelt bereet)

Tickets: Normal 10 EUR / Studenten 5 EUR

---

D' Events am Jardin de Wiltz gehéieren zu der Serie vun de Garden Sounds. Hei brénge mer vum Fréijoer bis an de fréie Summer alles mat, wat zu engem anstännegen Ënnerhalungsprogramm mat Live Musek a Co. gehéiert - alles dobaussen am Gaart.

 

/// Weider Events am Kader vun de Garden Sounds: ///

 

 

24.04, Wolf & Moon (Indie Folk, DE)  - 19:00The Tame and the Wild - 20:30 (Indie Folk, LU)

01.05, Zu Wooltz gëtt geraibert - 14:00 (Workshop fir Kanner, LU)/  Arthur Possing Quartet - 15:00 (Jazz, LU) 

8.05, Tom Gatza - 19:00 (Neoclassical, DE)/All Reitz Reserved- 20:30 (Violin Electronica, LU)

15.05, Pascal Schumacher - 19:00 (Neoclassical/ Jazz/ Ambient, LU)

22.05, Benoît Martiny Band - 19.00 (Jazz/ Rock/ Fusion, LU)

29.05, Kid Colling Cartel (Blues, LU) - 19:00

05.06, Hannah Ida - 19:00 (Folk, LU) / Claudine Muno Trio - 20.30 (Folk, LU) 

11.06, Poetry Slam de Lux'11 - 19:00 (Poetry Slam, LU) 

12.06, Don Piano - 19:00 (Urban, Soul, LU)

19.06, Fête de la Musique - 14:00 (École de Wiltz, LU)

 

 

 

/// CORONA UPDATE ///

Et gëllen déi aktuell Sanitäroplagen, am Accord mat de zoustännegen Autoritéite.

 

Tarif
  • Normal
    10.00
  • Student
    5.00
Lieu: Prabbeli

8 Gruberbeerig
9538 Wiltz
Luxembourg

Facebook

Programme CULTUREL

mars
01
Expo
10
avril
05
Concert
5
avril
06
Concert
5
avril
26
Concert
5
avril
27
Jeune public
6
mai
25
Jeune public
6
mai
25
20:30
-----
Concert
5
juin
29
Jeune public
6
septembre
20
Event
11
septembre
21
Event
11