Back to top
septembre
12
octobre
- 17

« De la guerre à la paix : quelle (est ton) histoire ?! »

« De la guerre à la paix : quelle (est ton) histoire ?! » ass Thema vun engem participative Projet, de vum Jugendbureau Éislek an Zesummenaarbecht mam Naturpark Öewersauer organiséiert gëtt. Dës kënschtleresch Initiative fënnt am Kader vum Projet Interreg VA GR „Land of Memory" statt, den ënner anerem d’Zill huet den Erënnungspad um Schumannseck ze moderniséieren an hei eng zentral Reflexiounsplaz ze amenagéieren.

Vum 7. bis den 11. September hunn déi Jonk Méiglechkeet un engem kënschtleresche Workshop deelzehuelen, wou si déi tragesch Geschicht vum Schumannseck entdecken an iwwer hir Gefiller zou der Thematik Krich a Fridden nodenke kënnen. Dobäi kënnen Theme wéi Fräiheet, Diskriminéierung, Demokratie oder Migratioun am Mëttelpunkt stoen an zesumme mat deene Jonke reflektéiert an engem Graffiti duergestallt ginn.

Ënnerstëtzt bei der Gestaltung vun hirem eegene Graffiti-Konschtwierk ginn déi Jugendlech vun de Lëtzebuerger Graffiti-Kënschtler a Grënner vum „Kamellebuttek“, Raphael Gindt & Daniel Mac Lloyd.

D’Zill vun dësem participative Projet ass et d’Iddien an d’Usiichte vun de Jonken zum Thema Gedenktourismus ze berécksiichtegen a kënschtleresch duerzestellen.

Déi erschafe Konschtwierker gi vum 12. September bis de 17. Oktober 2020 bei eis an der Galerie (Prabbeli) ausgestallt. No dëser Ausstellung wäert ee Konschtwierk vun deene Jonken als Reflexiouns- an Inspiratiounsobjet op déi zentral Plaz vum Erënnungspad um Schumannseck stoe kommen, wärend déi aner Graffiti-Konschtwierker niewent Gedenkstied aus de Gemenge vum Naturpark Öewersauer placéiert ginn.

Tarif
  • /
    0.00
Lieu: Prabbeli

8 Gruberbeerig
9538 Wiltz
Luxembourg

Programme CULTUREL

avril
05
Concert
5
avril
06
Concert
5
avril
26
Concert
5
avril
27
Jeune public
6
mai
25
Jeune public
6
mai
25
20:30
-----
Concert
5
juin
29
Jeune public
6
septembre
20
Event
11
septembre
21
Event
11