Back to top
Dezember
09
10:00

Harry Potter an den Alchimistesteen - Séance scolaire

Eng Liesung, déi Grouss a Kléng virwëtzeg mécht an erméiglecht, dem jonken Zauberer seng Geschichten elo och op Lëtzebuergesch ze entdecken.

Wie kennt net d’Geschicht vum jonken Zauberer mam ronne Brëll an der wäisser Eil, dee ganz Generatiounen aus der Kellechholzstrooss zu London mat op d’Zaubererschoul vun Hogwarts geholl huet? Rieds ass vum Harry Potter, enger vun de bekanntste Figuren aus der Kanner- a Jugendliteratur.

Den Harry Potter an den Alchimistesteen ass déi lëtzebuergesch Iwwersetzung vun der Schrëftstellerin J.K. Rowling hirem Welt-Bestseller. An Zesummenaarbecht mat der Iwwersetzerin Florence Berg huet d’Kairos Edition déi zwee éischt Bänn op Lëtzebuergesch publizéiert (den zweeten ënnert dem Titel Den Harry Potter an dem Salazar säi Sall) an elo och d’Lauschterbuch vum éischte Band erausbruecht, virgelies vum Schauspiller Steve Karier.

Fir dës ganz magesch Welt erkléngen ze loossen an de Public mat op d’Rees vun den Hexen an Zauberer ze huelen, liest de Steve Karier aus dem Harry Potter an den Alchimistesteen. Eng Liesung, déi Grouss a Kléng virwëtzeg mécht an erméiglecht, dem jonken Zauberer seng Geschichten elo och op Lëtzebuergesch ze entdecken. 

De Steve Karier ass e Lëtzebuerger Schauspiller a Spriecher. Hien ass a villen europäesche Länner grad esou wéi an Amerika, Asien an Afrika op der Bün an a Filmer opgetratt. Hien huet Honnerte vun Héierspiller a Lauschterbicher opgeholl. Zu Lëtzebuerg ass hien ënnert anerem wéinst senger Opnam vum Michel Rodange sengem Reenertbekannt.

Alter/ âge: Fir Grouss a Kléng, recommandéiert ab 9 Joer, fräiginn ab 7 Joer

Sprache/ langue:
LU
Dauer/ durée:
 +/- 60 mins

Tarif

Éducateurs gratuit 0.00

Enfants <14 5.00

Umeldung iwwer info@cooperations.lu 

 

COVID-CHECK EVENT 3G

Dies ist ein Covid-Check Event:

Personen ab 12 Jahren müssen eine Impf-, Test- oder Genesungszertifikat vorzeigen, Kinder unter 12 Jahren sind von dieser Regelung ausgeschlossen 

 

ÉVÉNEMENT COVID-CHECK 3G

Ceci est un événement Covid Check :

Les personnes à partir de 12 ans doivent présenter un certificat de vaccination, de test ou de guérison, les enfants de moins de 12 ans sont exclus de cette disposition

 

Tarif
  • Éducateurs gratuit
    0.00
  • Enfants <14
    5.00
Lieu: Brandbau

2 Gruberbeerig
Wiltz
Luxemburg

Programme CULTUREL

April
05
Concert
5
April
06
Concert
5
April
26
Concert
5
April
27
Jeune public
6
Mai
25
Jeune public
6
Mai
25
20:30
-----
Concert
5
Juni
29
Jeune public
6
September
20
Event
11
September
21
Event
11