Back to top
September
12
11:00

Vernissage : « De la guerre à la paix : quelle (est ton) histoire ?! »

Am Kader vum participative Projet « De la guerre à la paix : quelle (est ton) histoire ?! » vum Jugendbureau Éislek fënnt den 12. September vun 11:00 bis 12:00 Auer eng Vernissage an der Galerie Prabbeli statt, wou Graffiti-Konschtwierker vu Jonken zum Thema Krich a Fridden ausgestallt ginn. 

Umeldung bis den 8. September:
Email nadine.lepage@cooperations.lu oder Telefon +352 621 781 057

D'Plazen si limitéiert. De Vernissage fënnt am Respekt vun de sanitäre Moossname vum Gesondheetsministère statt.

---

« De la guerre à la paix : quelle (est ton) histoire ?! » ass Thema vun engem participative Projet, de vum Jugendbureau Éislek an Zesummenaarbecht mam Naturpark Öewersauer organiséiert gëtt. Dës kënschtleresch Initiative fënnt am Kader vum Projet Interreg VA GR „Land of Memory" statt, den ënner anerem d’Zill huet den Erënnungspad um Schumannseck ze moderniséieren an hei eng zentral Reflexiounsplaz ze amenagéieren.

Vum 7. bis den 11. September hunn déi Jonk Méiglechkeet un engem kënschtleresche Workshop deelzehuelen, wou si déi tragesch Geschicht vum Schumannseck entdecken an iwwer hir Gefiller zou der Thematik Krich a Fridden nodenke kënnen. Dobäi kënnen Theme wéi Fräiheet, Diskriminéierung, Demokratie oder Migratioun am Mëttelpunkt stoen an zesumme mat deene Jonke reflektéiert an engem Graffiti duergestallt ginn.

Ënnerstëtzt bei der Gestaltung vun hirem eegene Graffiti-Konschtwierk ginn déi Jugendlech vun de Lëtzebuerger Graffiti-Kënschtler a Grënner vum „Kamellebuttek“, Raphael Gindt & Daniel Mac Lloyd.

D’Zill vun dësem participative Projet ass et d’Iddien an d’Usiichte vun de Jonken zum Thema Gedenktourismus ze berécksiichtegen a kënschtleresch duerzestellen.

Déi erschafe Konschtwierker gi vum 12. September bis de 17. Oktober 2020 bei eis an der Galerie (Prabbeli) ausgestallt. No dëser Ausstellung wäert ee Konschtwierk vun deene Jonken als Reflexiouns- an Inspiratiounsobjet op déi zentral Plaz vum Erënnungspad um Schumannseck stoe kommen, wärend déi aner Graffiti-Konschtwierker niewent Gedenkstied aus de Gemenge vum Naturpark Öewersauer placéiert ginn.

Tarif
  • /
    0.00
Lieu: Prabbeli

Programme CULTUREL

Februar
13
20:00
-----
Concert
5
April
03
20:00
-----
Spectacle
7
Mai
08
20:00
-----
Concert
5
Mai
21
20:00
-----
Concert
5