Zesumme mat der Band The Tame and the Wild entféiere mir Iech op eng Rees bis bei d’Stären, oder ëmgedréit - mir bréngen d’Stären an de Brandbau! D’Lidder vun der Band ronderëm de Singer-Songwriter-Duo Seja a Flëpp si Momentopnamen, Geschichte geprägt vun der Natur, vun Erënnerungen an Dreem, vum Lassloossen a Festhalen. Beaflosst ginn hier nostalgesch Kläng vu Bands wéi Daughter, Angus & Julia Stone, Kodaline a Boy.
Genre : Indie Folk
Am Kader vum NIGHT, Light & more Festival