D’Erzielerin a Schrëftstellerin Josée Bourg erzielt eis déi léif an häerzeg Geschicht vum Orangi, wat sech anescht verhält wéi erwaart. Am Bësch bei den Déiere fënnt hatt Trouscht. Och do ginn et där, déi eleng a verstouss sinn. Si gi Frënn an zesumme kréien si de Courage fir hir eege Stäerkten an Talenter ënner Beweis ze stellen.
An Zesummenaarbecht mat der WELUBI Weeltzer Ludo-Bibliothéik
Infoen
Alter: 5+
Genre: Erzielung, Gesank, Liesung, Figurentheater
Location: Café Prabbeli, 8 Rue de la Montagne, 9538 Wiltz